top of page

Planz vum Mount Juli 2018 - d'Weidenröschen (Antoniuskraut)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Jul 1, 2018
  • 1 min read

D’Weidenröschen ass eng Pionéierplanz. Am Juli ass se vill ze fannen, virun allem op nährstoffräichem Buedem vu Sonn bis Schied.


Meeschtens wiisst se a grousse Kolonien. De Still ass e bëssi eckeg a glat. Ab Abrëll sinn d’Stiller, déi aus dem Buedem spriessen e bëssi roudelzëch. Déi kleng Blieder leien un a si lanzetteförmeg.


Fireweed
Hei ass et. A voller Bléi!

Am Beschten a scho vu Wäitem ass si ab +- Enn Juni bis August ze erkenne wa se rosa blitt!

Verwiessele kann ee se am jonke Stadium mat der Goldrute, déi ass och iessbar, muss allerdings geschielt ginn, soss ass se zéi. :-) Bei dëser ass de Still méi ronn, d’Blieder dreiwen uewen aus, a leien nët ewéi beim Weidenröschen un, wa se frësch ausdreiwen.


Vum Weidenröschen kann een alles verwäerten!

Ier d’Planz an d’Bléi kënnt, kann een de jonke Still wéi Spargelen benotzen. Hei ass ët vu Virdeel ze wëssen wou se a Gruppe wiisst.


D’Knospe réi oder gekacht, d’Bléien als iessbar Deko, d’Blieder bis Juli, als Zalot, gekacht oder als “Gréngen” Téi.

D’Wuerzelen am Fréijoer réi oder gekacht, oder gedrëchend zu Miel verschafft fir z.B. Zoossen ze bannen. All Ënnerarten vum #Epilobium sinn d’selwecht verwäertbar.


D’Weidenröschen huet entzündungshemmend Eegeschaften a gëtt och bei Prostatavergréisserungen agesat. Den Téi hëlleft bei Daarm- an Moentzündungen.


Definitiv eng Planz déi hir Plaz an eisem Iessplang verdingt huet an domat d' #PlanzvumMountJuli2018 op www.WatDeBauerNetKennt.lu ginn ass! ;-)

Comentarios


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page