top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Planz vum Mount August 2018: D'Päerdsbier

Di Haaptméint fir déi lecker Päerdsbieren ze plécken sinn August bis September.

Fir ze knabbelen, ze baken, Gebees ze kachen, Esseg, Sirup, Jus, Smoothie ze maachen, oder Likören unzesetzen si se eng Delikatess :-)



Awer nët nëmmen d’Friichte kënne gebraucht ginn. Deen a ganz Europa heemeschen bis zu 3 Meter héijen oder breed-leienden Strauch, ass säit Joerhonnerten an der gutt sortéierter Hausapdikt ze fannen :-)


Blieder: Géint Duerchfall gëtt den Téi aus de Blieder gedronk a wierkt duerch héige Gerbstoffgehalt, oder bei Halswéi an Entzündungen am Mondraum gutt domat gegurgelt.

D’Blieder kënnen frësch oder gedrëschent benotzt gin. Fermentéiert erënnert de Goût un dee vum Schwarztéi. Natierlech gëtt vun de Blieder och eng potent Tinktur gemeet.


Och kulinaresch kënnen d’Blieder am Abrëll, soulaang se schéin zaart sinn, fir Geméisfëllungen an Zalote benotzt ginn.

Spéider lossen se sech nach eng Zäit notzen fir e feine Goût an eng gemixte Geméiszopp ze zauberen.


Bléien: Och d’Bléie ginn e leckeren Téi.


D’Päerdsbieren hunn en héigen Undeel um Provitamin A, Vitamin E awer och B-Vitaminen. En Anti-oxidativen Faarwstoff, d’Mineralstoffer Magnesium an Eisen a wichteg Spurenelementer wéi Zénk, Mangan a Koffer.

0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page