top of page
Writer's pictureWDBNK

Lecker Gewürz-Schocki #ChaiSchockiTabs

Chai Gewürzer am Schocki, mhhmmm, dat passt richteg gutt an di kal Joreszäit. Et ass definitiv mäi Lieblingsschocki, a schéin agepak och e léift Matbréngsel. ;) #matbréngsel




Fir d’ Chai-Gewürzmeschung brauche mir gemuelen oder gemörsert,

  • 1 Tl Muskat

  • 1 Tl Kardamom

  • 1 Tl Kanéil

  • 1 Tl Neelcheskäpp

  • 1/2 Tl Ingwer

  • 1/2 Tl Koriandersom

Mir brauche nach

  • 200 g schwaarze Schmëlzschockela

D’Temperatur soll am beschten nët ze héich ginn, well de Schockela soss e bëssi kann “ulafen” an d’Optik net méi sou schéin ass. Dofir ginn

  • 2/3 vum Schockela a Stéckelcher gebrach an am Bain-Marie ënnert Réieren geschmolt. Ass dat souwäit, gëtt de Schockela mat der Schossel aus dem Dëppe geholl, an

  • de reschtleche Schockela

  • d’Gewürzmëschung

  • 1 Tl Pudderzocker an

  • 1 Il Kakao ënnergeréiert bis alles geschmolt a gutt verrouert ass.

Den däischtere Schockela ka lo a Forme gegoss ginn. Ech hunn do einfach Äiswürfelforme geholl.

An enger anerer Schossel schmëlze mer

  • 80g wäisse Schockela, a well vegane wäisse Schockela ondurre beim Schmëlze ka sinn

  • 1/2 Tl Kokosbotter

Dee gëtt lo iwwert deen anere Schockela verdeelt, verstrach an ofkille gelooss. Des “Knippercher” kann een dann einfach an der waarmer Planzemëllech schmëlze loossen.


Mhhhmmm, an deen éischte Schocki gëtt et ëmmer direkt. Da gëtt nämlech di waarm Mëllech einfach an d’Schossele ginn, déi nach voll Rescht-Schockela vum Schmëlzen sinn.


Vill Freed gewënscht!

0 comments

Comments


bottom of page