top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Kürbompereknödel mat Quitte-Kürbis Geméis (vegan)

Updated: Nov 23, 2018

Nommnomm!

Mat deem schéine Geméis aus dem Gaart loossen sech herrlech Platen zauberen. Haut goufen ët Kürbis-Gromperekniddelen.




D’Präparatioun ass nët schwéier, just e bëssi Zäit ass gefrot :-D

7 Gromperen ginn am Salzwaasser gequellt. En halwen Hokkaido gëtt a Schläisse geschnidden an am Schäffchen bei 180 °C mëll gi gelooss.



5 Grëmpercher gi geschielt an direkt iwwert eng Reiw an eng Passette gehuwwelt. Dëss ginn elo iwwert enger Schossel gutt ausgedréckt.

En Aachtels vum Kürbis gëtt gehuwwelt an ausgedréckt.



Wann d’Gromperen am Dëppe mëll sinn, gi se mat der praktescher Gromperepress an eng Schossel gequetscht. De Kürbis aus dem Schäffchen och. D’Haut respektiv Schuel bleiwen an der Press hänken, a kënne ganz einfach erausgeholl ginn.

Dobäi fléien dat gehuwwelt Geméis, d’Stärk déi sech vum Auspresswaasser néiergesat huet, nach 3 Iessläffelen Gromperestäerkt, 2 Iessläffelen Eeersatzmiel (wéi z.B. Sojamiel, Séisslupinnemiel) e bëssi Muskat, Salz a Peffer.

Aus dësem gutt vermëschtenem Deeg ginn elo mat naassen Hänn ronn Kniddele geformt an se an nët méi kachendem Waasser 15 - 20 Minutten duerchzéie geloos.

An dëser Zäit maache mer eis un d’Geméis.

De Rescht vum Hokkaido gëtt a Schläisse geschnidden.



D’Quitte gi mat engem Kichenduch oder mat der Geméisbiischt entfloomt a ronderem de Stronk a Scheiwercher gedeelt. An enger Pan mat Ueleg gëtt dësst ugebroden. Dobäi flitt eng kleng gehackte Schalotte. Gewürzt gëtt nom Ëmréieren mat Salz, gemuelenem Koriandersom an engem Téiläffel Raz-El-Hannout. Dat därf 2 Minutte mat ubroden. Driwwer kënnt dann eng duebel déck Strutz Agavendécksaft.



Mat zouenem Deckel op klenger Hëtzt därf dat waarden bis d’Kniddelen duerch sinn.

Dobäi passt gutt eng Zalot mat Moschter-Knueweléks Vinaigrette. Eng zerdréckten Zéif Knuewelék gëtt mat engem Téiläffel Moschter 2 Iessläffelen Esseg, 3 Iessläffelen Ueleg, gehacktene Péiterséilech, a Peffer a Salz verrouert.

Fir Unzeriichten ginn d’Kniddele mat dem Schaumläffel aus dem Waasser gehuewen a mat dem Geméis a frëschem Péiterséilech zervéiert.



0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page