top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Hunneftrëtz (vegan)


Den Hunnef (Hanf) ass eng ural Kulturplanz, an et ass eng vun deene gesondeste Saachen déi een iesse kann. ;-) Do ass masseg Kalzium, Kalium, Magnesium, Schwiefel an Eisen awer och d'Vitaminen A, B, C, D an E dran. Da sinn och vill Omega-3-Fettsairen, kombinéiert mat der immens seelener Gamma-Linolensaiert (enger Omega-6-Fettsaiert) an enger iett Antioxidantien dran. Dat kann net all Mëtsch vu sech behaapten. ;-)



Dir hätt gäeren eng Mëtsch Moies beim Kaffi? Oder éischter fir Mëttes um 4 nach eng kleng Schneekegkeet fir den Nomëtte besser ze packen? Dann ass hei genee dat Richtegt fir iech.


Fir dës lecker Hunneftrëtz ginn

  • 300 ml wootlecht Waasser gemixt mat

  • 3 Iessläffelen Hanfsom,

  • 4 Iessläffelen Réizocker

  • e bessi Vanill

  • 1 Iessläffel Zimt



Dat ergëtt dann eng schéin, séiss Mëllech mat däer mir den Deeg wäerten uréieren.


Da ginn an enger Schossel

  • 420 Gramm Miel,

  • 80 Gramm Hanfmiel an

  • 1 Pouz Salz

  • 6 - 8 Iessläffelen neutralen Ueleg

gemëscht.



An déi gemixte Mëllech kënnt 1 Päckelchen Drëchenhief. Déi däerf lo 10 Minutte stoen.


Da gëtt alles zu engem schéinen Deeg gekniet an 1 Stonn raschte gelooss.


An däer Zäit gëtt d’Fëllung präparéiert:


An engem Digel ginn

  • 2 Gräpp gehackten Hieselnëss,

  • 3 Gräpp geschielten Hanfsom

liicht geréichtert.



Dobäi kommen

  • 3 Iessläffelen Kokosueleg

  • 2 Iessläffelen Ceylon Zimt

  • eng Messerspëtzt Spice Latte Mix

  • 1 geriwwenen Apel, an

  • eng déck Strutz Agaven Décksaft.



Den Deeg gëtt zu engem Rechteck ausgerullt a mat der Fëllung bestrach.



D’Enner ginn zesumme gefaalt an d’ Strull an 3 cm déck Schläisse geschnidden.



Dëss ginn uewen an ënnen emol ëm sech selwer gedréint.



Déi därfen elo zougedeckt nach eemol 10 Minutte rouen.



Am Schäffchen gi se dann 30 Minutte bei 190 Grad gebak. An dann ass et un Iech: Iesst der se wootlech oder kal? ;-)

0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page