Hausmaacher Ingwerbéier
Updated: Jun 7, 2020
Ei, Summerwieder! Do kënnt eng lecker Erfrëschung grad richteg - a gutt datt eisen Ingwerbéier elo fäerdeg ginn ass. Dat leckert Summergedrénks brauch nët vill: just Ingwer, Waasser, Zocker an e bëssi Zitroun. D’Hiefen um Ingwer an d'Zäit déi mir hir ginn, këmmeren sech ëm de Rescht.

Fir d'éischt mache mer e fermentéierten Ingwer usaatz, dat geet esou:
300 Ml Waasser ginn iwwert 5 Deeg all Dag gefiddert mat
1 décken Iessläffel geriwwenem Bio-Ingwer mat Schuel
1 décken Iessläffel Zocker
einfach all Dag fidderen, ëmréieren, a bei Zëmmertemperatur zougedeckt stoe loossen.

Dësen Usaz spruddelt no e puer Deeg e bëssi, dann ass den Usaz fäerdeg. Dee kann ower weider all Dag einfach gefiddert gi bis een e brauch, oder Zäit huet, en ze verschaffen. Da gëtt en Ingwertéi gemaach mat
2 L kachendem Waasser
350 Gr Zocker
Ingwer - je no deem wéi schaarf een ët gäer hätt vun Daumgréisst bis eng déck Hand voll
Wann e gezunn ass (15 Minutten) kommen
2 Liter kaalt Waasser drop
a wann en Handwaarm ass, flitt den
Ingwerusaz dee lo vill schéin Hiefe produzéiert huet, an vir e bëssi Saier
de Jus vun 1-2 Zitrounen
dobäi. Loosst dat mol 10 Minutte mautschen. ;) Dat muss lo duerch en Duch a Fläsche gefëllt ginn an 10 bis 14 Deeg (nët an der Sonn) viru sech hi fermentéieren. Den Zocker gëtt vun den Hiefe verdaut, an déi produzéieren eis schéi spruddeleg Kuelesaier. :D

Denkt dru nom 5. Dag ze kucken, ob den Drock an der Fläsch nët ze grouss gëtt, dat heescht entweder Drock ofloossen andeems een de Stop opdréit oder en duebele Kichepabeier mat Lastik amplaz vum Stopp op d’Fläsch maachen. No 14 Deeg muss den Ingwerbéier onbedingt an de Frigo an dann heescht et genéissen! ;)

Lecker lecker!!