Grompere-Spinatzalot mat Bärlauch um gebakene Knollenzelleri (vegan)
Meng léifsten Art a Weis Zelleri ze verschaffen, ass e mat engem Gewürzueleg am Schäffchen ze baken. Sou wéi deen heiten :-)

Den Zelleri gëtt an +- 1 cm dënn Scheiwe geschnidden
an enger Schësselchen ginn
1 Tl Garam Masala
1 Tl Koriander
1 Tl schaarfe Paprika
eng Pauz Salz an
5 Iessläffelen Rapsueleg
matenee verrouert.



Den Zelleri gëtt ronderëm bestrach an um Bakpabeier am Schäffchen fir 35-40 Minutten bei 180 °C Ëmloft gebak.

Fir d’Grompere-Spinat Zalot mat Bärlauch gëtt
1 Kilo gequellte festkachend Gromperen geschielt an a gréisser Wirfele geschnëppelt.
500 Gramm Spinat gewäsch a gehackt
1 Bond Bärlauch gewäsch a gehackt



fir d’Moschter Vinaigrette:
1 Tl Moschter mat Kären
1/2 Ënn butzeg kleng gehackt
4 Iessläffelen Esseg
6 Iessläffelen Ueleg
Salz a Peffer
verrouert, a mat de reschtleche Saache vermëscht.


Fir ze zervéieren passen gutt e puer Hackernëss (Walnëss) driwwer :-)


Gudden Appetit! :)