top of page

Graupe-Risotto am Mini-Hokkaïdo (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Nov 19, 2018
  • 1 min read

D’Kürbiszäit ass nach ëmmer voll amgaangen! Aus eisem Gaart ass ët allerdéngs dee Leschte fir dëst Joer. Déi aner si schon all gefruppst :-)



Fir de Grauperisotto ginn


  • 1 Zwibbel

  • 1 Zéif Knuewlék

  • 1 geschnëppelt Muert



am Ueleg ugebroden, dobäi kënnt


  • 1 Téiläffel Garam Masala


nom ëmréieren kënnt dobäi:


  • 1 Schësselche Graupen an

  • 2 Schësselcher Geméisbritt ( Waasser mat engem Läffel Geméisbrittpolver)



dat gëtt opgekacht, a bei mëttlerer bis niddreger Hëtzt 15 Minutte goë gelooss.


Den Hokkaïdo gëtt an der Halschent gedeelt an entkäert.

Mat e bëssi Ueleg bestrach därf deen dann 10-12 Minutten bei 200 Grad an de Schäffchen.



En Apel gëtt kleng geschnëppelt, an déi lescht 2-3 Minutten an d’Graupe gin. Dëss ginn ofgeschmaacht mat


  • Peffer, Salz

  • engem Iessläffel Hiefflacken

  • Sesamueleg

  • a frësch gehacktenem Péiterséilech.



Dat gëtt an den Hokkaido gefëllt, an därf nach emol 5 Minutte am Schäffchen brutzelen.


Fir ze Zervéieren schmaacht nach e bëssi Sesamueleg a frësch Kraider ewéi Péiterséilech a Bratzel driwwer ganz lecker. :-)



Comentários


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page