Grénge Kabes (Kale) mat Afennosszooss (vegan)
- WDBNK
- Jan 12, 2019
- 1 min read

Grénge Kabes ass eppes Fäines: réi um Sandwich amplaz vun Zalot, gemixt am Smoothie oder séier an der Pan gedréint,... Alles geet.

Sou wéi hei:
Ët brauch een:
2-3 Zéiwe Knuewelék
2 gedrëchend Chillischoten
Déi gi klenggehackt, an am Ueleg ugebroden.

De grénge Kabes gëtt vu sengem Stronk befreit, a flitt an d’Pan. Dee gëtt lo ronderem gedréint an kuerz ugebroden.

Dobäi flitt
e Glas Wasser
e klengen Téiläffelche Salz an
en décke Läffel Afennossbotter (Erdnossbotter) mat Stéckelcher an
e Läffel gedrëchend Zitrounegras (oder e frësche an der Mëtt gesplécktene Still).
Dëst gett gutt verréiert an 2 Minutte brutschele gelooss. Ofgeschmaacht gëtt mat schwarzem Peffer.

Mmmmhhh! E gudden Appetit! :-D
Commenti