• WDBNK

Gefëllte Schäffchenskolrabi mat Péiterséileg-Schaum (vegan)


Et ass ëmmer Kolrabi-Zäit! :-D Eise stong e Wanter iwwer am Wëlle Gaart an elo ass e bei eis um Teller. An et ass schonns nees Zäit fir deen neien ze planzen... Verréckt!


Eist Rezept fir gefëllte Schäffchenskolrabi mat Péiterséileg-Schaum ass an der Revue vum 10. Abrëll 2019 verëffentlecht ginn. Hei ass et:



Fir 4 Persoune brauch een:


  • 4 Kolrabien

  • 450 Gramm Gromperen

  • 2 Muerten

  • 1 Ënn

  • 1 Bond Péiterséileg

  • 1 Iessläffel Garam Masala

  • 2 Iessläffelen Ueleg fir mat ze baken (z.B. Sonneblummen/Raps)

  • 1 Téiläffel Geméisbrittpolver

  • 1 Téiläffel Hiefflacken

  • Peffer a Salz

  • Déck Nëss (Hackernëss/Walnëss)

  • Hackernossueleg

  • Hackernoss



D'Kolrabie kréien uewen en Hittchen ofgeschnidden, da gi se gutt geschielt, fir se vun hiren ondugenen Deeler ze befreien, an ausgehielegt.



Am gesalzene Waasser däerfen se elo zesumme mat de Stécker déi erausgeholl goufen, 15 Minutte laang kachen.

An engem zweeten Dëppe mat Ueleg ginn déi kleng geschnëppelt Gromperen, d'Muerten an d'Ënn ugedëmpt, a mat zouenem Deckel 10 Minutte brutschele gelooss.


Do kënnt elo gehackte Péiterséileg driwwer. D'Stiller vum Péiterséileg kommen herno an d'Zooss.


An enger Schësselchen gëtt en Iessläffel Garam Masala-Polver mat zwee Iessläffelen Sonneblummen- oder Rapsueleg ugeréiert.



Déi ausgehielegt Kolrabien fléien aus dem Waasser an eng feierfest Form, se gi mam Garam Masala-Ueleg bestrach a mat der Gromperemëschung gefëllt.



De Rescht Grompere gi ronderëm verdeelt, esou ewéi och d'Hittercher. Dat kënnt elo bei 190°C fir 10 Minutten an d'Ëmloft.



Fir de Péiterséileg-Schaum ginn d'Stiller vum Péiterséileg, e klenge Grapp Cashewnëss, en Téiläffel Geméisbrittpolver, en Téiläffel Hiefflacken, Peffer, dat Bannescht aus dem Kolrabi an dräi Zoppe-Louche vum Kachwaasser am Highspeedblender gemixt.



Beim Zerwéieren kommen zwee bis dräi Iessläffelen Zooss an de Kolrabi. De Schaum gëtt uewe erofgehoff fir iwwer de Plat ze ginn.



Fir ze verfeineren passe super nach e puer déck Nëss (Hackernëss/Walnëss) driwwer, an e Schotz Hackernossueleg.


Gudden Appetit!


©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon