Gefëllte Gnocchischnecken - e Rezept fir wann ee Loscht huet e bëssi an der Kichen ze wurschtelen a mol eou richteg, richteg sat ze ginn. :-)
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_90d1608187a24b628181c35703bcd0f1~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_980,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_90d1608187a24b628181c35703bcd0f1~mv2.jpg)
Fir den Deeg hunn ech
800-900 Gramm Gromperen
am Salzwaasser mëll gekacht.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_5c10effdee314cecb307e175374aac63~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_5c10effdee314cecb307e175374aac63~mv2.jpg)
Wann een der huet wou d’Schuel nët su ondurre voll Buedem si ewéi bei mengen haut, da kann ee se och einfach quellen.
Fir d’Fëllung gëtt:
1/2 Block Räuchertofu ugebroden, dobäi fléien
3 gehackten Zéiwe Knueweléck
1/2 Ënn
1 Passette gehacktent Blaatgeméis - hei hate mer haaptsächlech Brennnessel, ower och e bëssi Beinwell, Vulleseemchen, Gudden Heng a Spinat
1 Tas Hiefflacken
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_beadef4499564e71a9dcbb920c86f01a~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_beadef4499564e71a9dcbb920c86f01a~mv2.jpg)
an engem klenge Glas gëtt
1 IL Gromperemiel mat
1 klengen TL Kraidersalz
1 TL Currypolver a
Waasser
verrouert.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_bd3c55647154457b98bf722483196cd3~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_787,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_bd3c55647154457b98bf722483196cd3~mv2.jpg)
Dëst gëtt iwwert d’Fëllung geschott, opgekacht, an d'Plakk ausgemaach.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_22da4be54a7a473281440e92a43699fe~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_22da4be54a7a473281440e92a43699fe~mv2.jpg)
Wann d’Grëmpercher mëll sinn, gi se duerch d’Gromperepress gedréckt, a mat
Peffer
Muskat
2 Iessläffele Soja-, Séisslupinne Miel oder Vegg Egg
2 Iessläffelen Ueleg
300 - 350 Gr Miel
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_c33a3da15ec64349812175621b6370c3~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_c33a3da15ec64349812175621b6370c3~mv2.jpg)
zu engem Deeg gemëscht.
Dee gëtt op engem gewieftenen oder geuelegte Bakpabeier ausgerullt a mat der Fëllung bestrach.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_801bac6391654d2aa39adf8c515a59c2~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_801bac6391654d2aa39adf8c515a59c2~mv2.jpg)
Da gëtt gutt fest zesummegerullt
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_5b788f168b6d43cda1fd2327b55b86cf~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_5b788f168b6d43cda1fd2327b55b86cf~mv2.jpg)
an op d'mannst 1 Stonn am Frigo kal gi gelooss fir dass alles e bëssi méi fest gëtt.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_f44780f6cabb4c56a9fdd2a996be1457~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_431,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_f44780f6cabb4c56a9fdd2a996be1457~mv2.jpg)
Soss kann ët sinn, dass d’Schleeken herno net richteg halen. Da gi se a Scheiwe geschnidden
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_1c1d885bce094907bde5890a860961d4~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_1307,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_1c1d885bce094907bde5890a860961d4~mv2.jpg)
a vun all Säit an der Pan gëllen ugebroden.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_97199f9341eb40489b07edd700a78243~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_97199f9341eb40489b07edd700a78243~mv2.jpg)
Well di Dénger sou staark siedegen, schmaachen se am beschten mat enger liichter Zalot. :)
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_93b05f87e8a14e15a9d66a77c182dabd~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_93b05f87e8a14e15a9d66a77c182dabd~mv2.jpg)
Comments