top of page

Gebakene Gewürz-Choufleur (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Nov 14, 2018
  • 1 min read

Nommnommnomm! Lecker gebakene Gewürz-Choufleur! Deen ass gutt als eegestännege Plat, oder och als Beilag.




De Choufleur gëtt am Salzwaasser mat enger Scheiw Zitroun 7 Minutte gekacht.



Déi Zäit ginn


  • 1 Neelcheskapp

  • e bessi Muskat

  • 1 Iessläffel Koriandersom

  • 1 gedrëchenten Chilli

  • e bëssi Kardamom

  • 1 Iessläffel Kreuzkümmel

  • 1 Iessläffel Paprikapolver

  • 1 Téiläffel Zimt


gemörsert.



Dodra kommen

  • 2 Läffelen Sesampast (Tahini)

  • eng Pauz Salz

  • e bëssi schwarze Peffer

  • a Sesamueleg bis e gutt verdeelbare Melange entstanen ass.



De Choufleur wandert an eng feierfest Form, an eis Gewürzpast gëtt driwwer verdeelt. Deen däerf lo bei 250 Grad Uewer- an Ënnerhëtzt 5 - 10 Minutte brutzelen. Opgepasst: heiansto luussen! Net datt e verbrennt :-D




E klengen Téiläffelche vun der Past gëtt gehalen, a mat


  • dem Jus vun 1/2 Zitroun

  • enger Pauz gemuelene Korianderson

  • frësche gehackte Kraider ( z.B.Péiterséilech, Koriander oder Basilikum)

  • 5 Iessläffelen Sesamueleg

  • 1 gepressten Knuewlékszéif, an

  • e bëssi Peffer a Salz verréiert.



Dat gëtt beim Zervéieren iwwert de fäerdege Choufleur ginn.


Mhhhmmmm! Wéi sot deen aneren: E Genoss muss kee Russ sinn :-)



Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page