top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Gebake Séissgromper mat Zitrounen-Thymian-Champignonen (vegan)

Keng Loscht vill ze kachen, an awer Loscht eppes defteges op den Dësch ze setzen? Wéi wier et mat enger gebakener Gromper? Enger "séisser" awer? ;-)



Hei een onkomplizéiert Rezept dat lecker schmaacht.


D’Séissgromper gëtt uewe mat enger Forschett agepickt an da mat Ueleg ageriwwen. Elo gëtt se am Schäffchen 50 Minutten bei 190 Grad gebak.



Wann +- 30-40 Minuttenëm sinn, jee no dem wéi séier ee schnëppelt :-), gëtt eng kleng Barquette voll Champignonen a véier geschnidden an an enger Pan ugebroden.



Dobäi flitt


  • eng gehackten Zéif Knuewelék

  • e bëssi Téimermännchen (Thymian).


Ofgeschmaacht gëtt


  • mat Peffer,

  • engem Iessläffel Sojazooss an dem

  • Ofriww vun enger Bio-Zitrouneschuel.



Am Highspeedblender gëtt

  • 1/2 Tas Cashewen mat

  • 1 Iessläffel Hanfsom

  • 1 Tas Waasser,

  • 1/2 Téiläffelchen Salz,

  • Peffer,

  • dem Jus vun 1 Zitroun,

  • an e bëssi frëschem Thymian


crèmeg gemixt. Da gëtt


  • eng Zéif Knuewelék dra gedréckt an

  • e bëssi Zitrounenoofriw an

  • Thymian


dobäi gin.


D’Champignonen ginn aus der Pan geholl, an an déi selwecht flitt d’Zooss fir eemol opzekachen an e bëssi de Goût vun de gebrodene Champignonen anzefänken.




D’Séissgrëmperchen gëtt längs opgeschnidden, a mat der Zooss an de Champignonen gefëllt.


Driwwer kann da roueg nach e bëssi frëschen Tymian an Zitrounenofriww. Dat gëtt e mega leckere Goût :-)

0 comments

Recent Posts

See All

Commentaires


bottom of page