Frësch Kierwelszëppchen (vegan)
De Gaardekierwel ass dem Gärtner säi Liebling am Wanter :-) Hie kann dat ganzt Joer duerch geséint ginn, ass usprochslos un de Buedem, ass eng perfekt Tëschefrucht wëll en esou séier wiisst. 45 Deeg nom Séinen kann e schons gepléckt ginn, trotzt all Keelt an ass elo am Januar sou schéi frësch datt et e Genoss ass!

Fir eng gutt Zëppchen:
2 Gromperen
1 Ënn
1 Schalott
2 Branchen Zellerie
1 Muert
1,5 Liter Waasser
Geméisbrittpolver
ginn 30 Minutte gekacht bis se mëll sinn.

Am Mixer gëtt d’Zëppchen mat
engem décke Bond frëschem Kierwel
gemixt.

Si flitt zréck an d’Dëppen, a gëtt ganz kuerz emol opkächele gelooss fir den staark anäisege Goût e bëssi ze huelen. Ob kee Fall méi laang wéi eng Minutt fir de gudde Kierwelgoût nëtt ze verléieren :-)

Zervéiert gouf se hei mat Vollkarbrout Crouton’en.
