top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Flëssegwäschmëttel aus Käschten (vegan)

Lo ass déi perfekt Zäit fir Käschten ze sammelen :-)


Aus Käschte léisst sech ee ganz einfacht Wäschmëttel zauberen: Duerch hir natirlech Saponinen entsteet e ganz schounend Wäschmëttel wat super fir Allergiker geeegent ass.


Just nach ofsaien, a fäerdeg!

Fir 2 Wäschen brauch een:


  • 5 Käschten

  • 300 ml Waasser

  • eventuell 3-4 Drëpsen äthereschen Ueleg

  • 2 Iessläffelen Esseg


Method 1: D’Käschte gi kleng gehackt, a mat kachendem Waasser iwwergoss. Nom Ofkillen kann een den Esseg an eventuell äthereschen Ueleg draginn, duerch eng Passette ofsaien an ët ass prett fir ze gebrauchen.



Method 2: D’Käschten gi gehackt iwwer Nuecht an d’Waasser geluecht. Den Dag drop kommen déi zwee Läffelen Esseg dran, ofsaien, dann ass ët gebrauchsfäerdeg. Evtl. e puer Drëpsen äthereschen Ueleg - a lass.


Präparéiert ass d’Wäschmëttel net laang halbar, ower d’Käschten u sech loosse sech gutt versuergen.


Mäi gudde Mixer packt och méi haart Käschten, ower well d’Käschten mat der Zäit ëmmer méi haart ginn, a sech op der Hand respektiv mat engem méi schwaache Mixer nët méi sou gutt hacke loossen, kann een se schon am Virfeld kleng maachen an afréieren. Sou kann ee sech dann ëmmer Portiounsweis neit Wäschmëttel maachen. Fir e ganzt Joer dovun ze profitéieren, brauch een ongeféier 4 Kilo Käschten déi ee sech virhackt.

Alternativ zum Tiefkühler kann een se och drëchnen, ower opgepasst: se schimmele schnell. Dofir dann den Dehydrator benotzen.


De Käschtebam koum an der Mëtt vum 16. Jorhonnert als Neophyt bei eis. Wahrscheinlech stamen all Beem an eiser Géigend vum Som vun deem Bam of, deen den Charles de l’Écluse 1576 zu Wien ausgeplanzt huet.


Medizinesch ass d’Käscht besonneg bei Venen a Gefässerkrankungen als Crème oder Gel am Gebrauch.

0 comments

Recent Posts

See All

Commentaires


bottom of page