top of page
Writer's pictureWDBNK

Erfrëschend Melisse-Waasser

Fir e leckert aromatiséiert Waasser hëllt een e Grapp voll frëscht Kraut op 1 1/2 Liter Waasser. Dat Ganzt därf dann op d'mannst eng Stonn, (am Beschten iwwer Nuecht fir en intensive Goût) zéien. Wie wëll kann natirlech och eng Zitrounescheifchen dobäi ginn :-)



Zu der Melisse:


Am meeschten ätheresch Uelecher huet d’Melisse wann een se géint 11 Auer Moies pléckt. Se gëtt fir d’Wirkstoffer am beschten am Juni geholl an eng Handbreet iwwert dem Buedem ofgeschnidden. Een Deel lossen ech ower ëmmer stoen, dass dee kann an d’Bléi kommen. Gedrëschent gëtt se Kappiwwer opgehaang an enger "lëfteger” Patz - léiwer Stuff ewéi Keller :-).


Zu den Uwendungsgebidder:


Den Téi (1TL gedrëschend Kraut op 1 Tas Waasser) gëtt als antiviral Nuesdrëpsen benotzt.

Den Téi wierkt gedronk berouhegend an hëlleft bei chroneschen Mo an Darmstéierungen.


Nogewise wierksam Herpesbehandlung mat Melisse: Déi frësch Blieder ginn tëschend den Hänn zeriwwen an op den Herpes getupft. Dat gëtt all Stonn widderholl. Am beschten wierkt et zesummen mat enger Drëps äthereschen Rosmarinueleg oder eventuell mat frëschem Zitrounejus. Den Téi huet fir dës Applikatioun nët genuch Wierkstoffer.


Melissenueleg fir Bauchmassagen: En 3/4 gefëlltent Schraufglas mat op d'mannst een Dag ugedrëchenter Melisse (soss kann et gären) mat liicht erwiermtem Ueleg iwwergéissen an 2 Méint op enger waarmer Plaz stoe loossen.


Vegan Melisse-Sallef: 100 ml Melissenueleg op 8 Gramm Caranauba Wues. De Caranauba Wues schmelzt eréicht bei 80°C, duerfir een Deel vum Ueleg domat erhëtzen bis e schmëlzt, an de Rescht ënnermixen.


An natierlech ginn et nach ganz vill weider Méiglechkeeten dëst Super-Kraut ze benotzen! Dokomme mir och an engem anere Post bestëmmt neesdrop ze schwätzen. ;-) 

0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page