Ech weess net wéi oft ech schons gefrot gi sinn wat ee mat Mangold ka maachen. Anscheinend ass en zimmlech onbekannt. Wann een da mol eppes héiert, dann ass et "et ass ewéi Spinat, oder?". Dobäi ass et éischter eppes wéi Routrommels-Geleef. Haut da mol e Rezept mat dësem gaaanz ale, leckere Geméis.
Fir dësen immens leckere Curry braucht dir:
1 Bond Mangold
1 Ënn
1 Zéif Knuewelék
Kokosueleg
1 Grapp Cashewen
2 Läffele Currypolfer
1 Läffel Brittpolfer
1 Läffel Tomatemuerg
e Grapp kleng Tomaten
Salz a Peffer
Zitrounegras
Sonneblummekären
1 Zitroun
De Mangold gëtt kleng geschnëppelt a gëtt am Salzwaasser 3 Minutte blanchéiert.
An engem Dëppen gëtt d’Ënn an de Knuewelék am Kokosueleg ugedënst. Do dra flitt de Currypolfer, e Läffel Brittpolfer, d’Zitrounegras an e Läffel Tomatemuerg.
Dat Ganzt gëtt dann ofgelescht mat den an 0,75l Waasser gemixtenen Cashewen. An d’Zooss kommen dann di kleng geschnëppelt Tomaten an de Mangold. Dat därf lo nach 2 Minutte brutschelen.
Ofschmachen mat Salz, Peffer an Zitroun an zervéieren matt geréischterten Sonneblummekären a Räis. E Gedicht. En aalt Gedicht. E gutt Gedicht. :-)
Comentarios