top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Einfach Brokkolizëppchen mat Currykären (vegan)



Perfekt fir d'Reschter vun engem Brokkoli ze verschaffen:


De Stronk vun 2 Brokkolien an eng Réischen gi mat

  • 1 Ënn

  • 1 Stéck Zellerie

  • 2 Gromperen

  • Waasser bis alles bedeckt ass an

  • 1 Il Geméisbrittpolver


mëll gekacht an am Highspeedblender crèmeg gemixt.



An enger Pan mat Ueleg gin


  • e klenge Grapp Sonneblummekären

  • 1 Téiläffel Moschtersom an

  • e bëssi Chill ugebroden an da matt

  • engem Téiläffel Currypolver


an der Pan verréiert.


Dëst däerf da beim Zervéieren iwwert Zëppchen, zesummen mat e bëssi frëschem Thymian. Mmmmhhhh... :-D

0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page