©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
  • WDBNK

DoAuberginesDreamOfEdibleWeeds? Gebaken Auberginnen mat Gänsefousszalot

Wann d'Auberginne bis ufänken zeideg ze ginn, da si mir all frou. Dat leckert Geméis kann een op esou vill verschidden Aart a Weisen asetzen, an et as ëmmer en eegestännege Plat. Haut hu mer d'Aubergine marinéiert an am Schäffchen op Grompere gebroden. Dobäi gouf et eng immens liicht a lecker Zalot vum Gänsefouss, eisem Wëllgeméis vum Mount Juni 2018 op www.watdebauernetkennt.lu .




Dat éischt wat Dir musst maachen ass den Uewen op 180/190 C° virzehëtzen.


Da komme mer direkt bei d'Marinade, déi dëse Plat "dréit".

Fir d’Marinade verréiere mer gudden Olivenueleg mat Salz, gedrëschentem Basilikum, Thymian, Chilli, Hiefflacken, Kurkuma, Ingwer, Tomatemuerg, Moschter, Peffer an enger gudder Strutz Agavendicksaft. Vun de Gewierzer huelt der vun allem en décke Läffel voll.


Da preparéiere mir d'"Country Potatoes" ;-) :

D’Grompere gi gewäsch a mat der Schuel a Schëffercher geschnidden. Denkt drunn duerfir Bio-Gromperen ze huelen, soss musst der se schielen.

En Deel vun der Marinade kënnt op d’Gromperen. Eng Kéier gutt mat zwou Hänn derduerch geréiert, fir datt d'Marinade iwwerall drukënnt. Da fléien se an de Schäffchen. No 10 Minutten maacht der de Schäffchen op, a réiert, dës Kéier mat engem Läffel ;-), eng Kéier gutt derduerch. An da kommen eis Auberginnen drop! Déi hu mer preparéiert andeems mir se an der Mëtt opgeschnidden a mat der Marinade vu banne bestrach hunn. Dëss däerfen elo 15 - 20 Minuten baken.

Wann ët déck Auberginne sinn brauchen se méi laang. Dann däerfen se scho 5 Minutten éischter op d’Grompere leie kommen.


Fir d’Zalot ginn déi iewescht Spëtzte vum Gänsefouss gepléckt, a mat enger liichter Vinaigrette aus 2 Il Rousenesseg, 3 IL Sesamueleg, Peffer a Salz ugeriicht.