D’Drauweblieder virun der Dir hunn elo déi richteg Gréisst fir se wonnerbar kënnen ze verschaffen ;-) Dofir ginn et haut Dolmades. Dës Mëttelmier-Spezialitéit gëtt oft mat Räis a gemuelenem Lämmi gefëllt. Dat maache mir natierlech net. ;-) #aremtlämmi #nunu
Hei also eis vegan Variant vun dësem antike Fingerfood.

Mir brauchen:
30 schéi grouss Drauweblieder.
Olivenueleg
250 g Räis
500 ml waarem Britt (Waasser mat engem Läffel Geméisbrittpolfer)
1 Fréijoersënn
1- 2 Knuewelékszéiwen
Frësch Kraider (dës Kéier: Dëll, Peffermënz, Wicken)
Berberitzen (optional)
Peffer a Salz
1 1/2 Zitroun

D’Ënn an de Knuewelék gi kleng gehackt an am Olivenueleg ugedënst. Dobäi kennt de Räis. Mat der warmer Britt gëtt ofgelescht a 5-10 Minutten kächele gelooss.
An däer Zäit ginn d’Drauweblieder blanchéiert.

Dofir gi se kuerz an d’kachend Waasser geluet an neess eraus geholl. Mir leeën se mat der glater Säit no ënnen ob eis Schaffplack.
An de Räis kënnt elo de Jus vun enger Zitroun, frësch gehackte Kraider, e Grapp Berberitzen, a Peffer. Dir kënnt elo och eventuell salzen - dat hängt vun der Britt of. Einfach schmaachen an entscheeden. :-) Dat däerf elo mat zouenem Deckel 2-3 Minutte stoen.

Op d’Drauweblieder kënnt elo jeweils e Läffel Fëllung. Fir 't éischt gëtt d’Blat ënnen ëmgeschloen, dann zu de Säiten, an da gëtt ët opgerullt.
An enger Pan mat Olivenueleg ginn d’Dolmades ganz enk beieneen, a mat der oppener Säit no ënne geluecht fir datt se schéin zou bleiwen.

Sinn se all opgerullt, gëtt d’Pan sou héich wéi d'Dolmades mat Waasser opgefëllt. Dodra kënnt nach de Jus vun 1/2 Zitroun.
A mat engem Deckel oder Teller beschwéiert däerf dat Ganzt nach +- 30 Minutte kächelen - dann ass d’Waasser verkacht.

Mhhh… vill Freed beim Kachen an e gudden Appetit!

Comments