top of page

Dem Gudden Heng säi Risotto

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Jun 14, 2018
  • 1 min read

De Gudden Heng (Guter Heinrich) wiisst gäer op deene selwechte Plazen ewéi d’Brennnessel.  Ze erkennen ass hie ganz liicht un der Form vu senge Blieder déi geformt sinn ewéi eng Speerspétzt an ënnendrënner liicht bemielt sinn.



D’Blieder ginn ewéi Spinat benotzt oder se gi sauer agemaach. Déi jonk Schëss kënne wéi Spargele gekacht ginn. Vun do kënnt säin aneren Numm "Aarme Leits Spargel”.

De Som gëtt ewéi Quinoa am Waasser gekacht... Jepp, genau! E weidere regionale, wëllen Quinoa, nieft dem Amaranth. ;-D



Déi sin all aus der selwechter Famill :-) De Gudden Heng schmacht e bëssi no Spinat, awer vill méi intensiv - definitiv ee super Wëllgeméis!!

Fir de Risotto ginn 3 Zéiwe Knuewelék an 1 Schalott gehackt an zesumme mat 250 Gr Risotto-Räis am Olivenueleg ugedënst.

Den Gudden Heng gëtt kleng geschnëppelt a kënnt zesumme mat enger Tomat an de Räis. Fir no an no opzefëllen gëtt 1 Liter waarem Geméisbritt geholl. 1 Iessläffel Hiefflacken ginn dem Plat de gewënschtene, kéisesche Goût.



Wann di ganz Britt opgebraucht ass, mat Peffer ofschmachen an eventuell Salz - dat hängt vun der Geméisbritt of déi benotzt gëtt.

Am léifsten hunn ech, wann de Räis nach e bëssi Bëss huet. Mee dat maacht Di wéi Dir wëllt. Driwwer ginn nach e puer geréichtert Sonneblummekäre gestreet, frësche Basilikum an Chilli.

E gudden Appetit! :-D

コメント


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page