D’Margréidercher stinn a voller Bléi. Dat heescht elo: keng Zäit verléieren! E puer dovu kënne mer eis plécken, fir e leckeren Antipasti ze maachen :-)
A wat brauche mir duerfir?
Margréidercherskäpp
2 Zéiwen Knuewelék oder ee frësche Kapp
Brennnesselspëtzten
Chilli
Olivenueleg
1 Zitroun
Frësch Kraider ( Basilikum oder Péiterséilech)
Salz a Peffer
Et ginn 2 gehackte Knuewelékszéiwen an eng gehackten Chillischot zesumme mat de Margréidercher an de Brennnesselspëtzten am Olivenueleg 1-2 Minutten ugebroden.
Da kënt de Jus vun 1/2 Zitroun, 3 - 4 Iessläffelen Olivenueleg an déi frësch gehackte Kraider derbäi. Da mat Salz an e bëssi schwaarze Peffer ofschmaachen an ofkille loossen.
Dobäi schmaacht eng am Olivenueleg ugebroden Baguette. :-)
Margréitchen: Déi ganz Planz ass iessbar! Ier d’Bléien un der Planz sinn, kann een déi jonk Sprossen an d’Blieder z.B. als Zalot iessen.
De Goût ass wierzeg. Et huet kee Sënn hei elo Vergläicher erunn ze zéien, et schmaacht no Margréitchen. A wann Dir se an Äre Rezepter asetzt, gëtt dëse Goût och fir Iech eng Referenz an Ärem Goûte-Lexikon. ;-)
Dat ganzt Joer iwwer kann een d’Wuerzel als Geméis verwäerten. Dës erënnert e bëssi u Navet. ;-)
Comments