top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Culurgiònes con ortica

Haut gëtt ët en traditionnelle Plat aus Sardinien an enger Variant à la Wat de Bauer net kennt. Vill Spaass!



An der ganzer Provënz Ogliastria an an den Dierfer Sadali an Esterzili aus der Regioun Barbagia di Seulo sinn d'Culurgionis net nëmmen eppes fir z'iessen. Si sinn ee wäertvollt Geschenk, e Kaddo fir Respekt ze zollen oder fir engem d'Frëndschaft ze erkläeren.

Si gi fir besonnesch Evenementer präparéiert, esou wéi fir d'Erntedankfest, fir déi Doudeg ze éieren op Allerhellegen mat Schofsfett ("culurgiòni de ogliu 'e seu') a mat Schwéngsfett fir d'Fuesend (culurgioni de ogliu 'e procu').

Esou ewéi d'Culurgiones zou gemaach ginn nennt ee "spighitta". Dëst erënnert un de Weess a soll fir eng besser Récolte Enn August suergen. Der Traditioun no, sinn d'Culurgiones Amuletter fir d'Famill viru Stierffäll ze schützen. Mee... et kann een se och einfach iessen, well se si mega lecker. ;)


Fir den Deeg


  • 400 Gramm Schmull aus Hartwees

  • 190 ml kachend Waasser


verknieden an an enger zouener Schossel ob d'mannst 30 Minutte bei Zëmmertemperatur stoe loossen.




Fir d’ Fëllung ginn


  • 7-8 grouss Grompere

gequellt



Di brauchen nët geschielt ze ginn, wann een eng Gromperepress huet. Do léisst sech dann einfach d’Schuel erausfëschen.


  • 1-2 zerdréckten Zéiwe Knuewelék

  • schwarze Peffer

  • 1 Tl Salz

  • 1-2 Stiller Peffermënz

  • 1 Passette voll Brennnesselen oder Péiterséilech

  • Muskat

  • 1 Téiläffel Kurkuma




ginn an engem Dëppe mat Ueleg kuerz ugedënst a mat den gepressten Gromperen vermëscht.



Den Deeg gëtt mat der Nuddelsmaschinn ausgerullt.


Deeg aus Hartwees wierkt ob den éischte Bléck ëmmer immens grimmeleg.

Dee muss och eng 5-6 mol op Stuf 0 duerch d’Nuddelsmaschin bis en hält, ower duerno ass e super!

Da gëtt en bis op Stuf 4 oder 5 dënn gewalzt.


Mat enger Tas gi Rondelen ausgestach a mat jeweils 1 Tl Fëllung gefëllt.


Fir zou ze maache gëtt fir t’éischt di ënnescht Säit, an dann ofwiesselnd riets a lénks zougedréckt, dass déi traditionnel “Weesform” entsteht.



Am gesalzene Waasser gi se am Beschten noeneen zu 6-7 just esou laang gekacht biss se erop schwammen. Dat ass knapps eng Minutt. Da gi se mam Schaumläffel direkt an d’Zooss eriwwer gehuewen, dass se nët unenee pëschen.



Fir d’Zooss ginn:


  • 2 Zéiwe Knuewelék

  • 2 Neelcheskäpp

  • 1 Iessläffel gemuelene Koriandersom

  • 1 Iessläffel scharfe Paprika

  • 1 Pauz Kreuzkümmel


am Ueleg ugedënst.



Dobäi kënnt

  • 1 décken Iessläffel Tomatemuerg

  • 1 Dous Cherrytomaten

  • 1 Dous Waasser



Dat Ganzt fir 10 Minutte kächele loossen an dann d'Culurgiones an d'Zooss hiewen. Driwwer passt e gudden Hanf-Parmesan. Fäerdeg. Lecker. Gudden Appetit!



0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page