top of page
  • Writer's pictureWDBNK

Crèmege vegane Püree

E crèmege vegane Pürée? Yes, dat geet :-)



Fir e crèmege vegane Püree ginn déi réi Gromperen mat enger Dous Kokosmëllech, engem klenge Grapp/enger décker Pauz Salz a Waasser opgefëllt bis 2 cm ënnert dem Grompererand. Da gi se mëll gekacht. Déi éischt 15 Minuten mat zouenem Deckel, de Rescht mat oppenem, sou datt e bëssi vum Kachwaasser verdonste kann :-)



Da gin déi mëll Gromperen mam Gromperestampfer samt dem Kachjus getripst a mat Peffer a Muskat ofgeschmaacht. Nammnamm! Lecker! :-)



2 comments

Recent Posts

See All

2 commentaires


Piper Viktualia von Berlitz
Piper Viktualia von Berlitz
19 sept. 2018

Moien mimishka1, jepp, do kann een eigentlech alles huelen wat engem schmaacht. Einfach d'Gromperen normal am Salzwaasser kachen, ofschëdden, an da mat iergendenger Planzemëllech stampfen. Oder e klenge Grapp Hanfsom mat enger grousser Tas Waasser kleng mixen an dra gin, den Hanfsom ass och héich a sengem Fettundeel, dat mecht dat dann och schéi crèmeg.

J'aime

mimishka1
18 sept. 2018

Moien,

Gëtt et zoufälleg och e Rezept fir Purée ouni Kokos?

J'aime
bottom of page