Hei ass e schnellt Iessen zur Reschterverwäertung. (An elo wësst dir och zimmlech genau wat et Gëschter bei eis gouf - Grompere mat Choufleur a wäiss Zooss :-) )
Duerfir gëtt et Haut Gebootschter bei enger Choufleur Zalot mat Bärlauch - well deen huet am Moment esou richteg schéin, déck Blieder :-) Ee Genoss!
Also fir d’Gebootschten:
eng kleng, geschnidden Ënn gëtt am Ueleg ugedënst, an
dobäi flitt eng Schossel gekachte Gromperen.
Déi däerfe lo bei mëttlerer Hëtzt viru sech hi bootschen.
Herno gëtt just nach ofgeschmaacht mat
Peffer a Salz an
e bëssi Paprikapolver.
Fir d’Choufleur Zalot mat der Bärlauch-Moschter Vinaigrette gëtt:
De Rescht gekachte Choufleur (hei en Hallwen (et wor een deeeeecken!!) a seng Réisercher gedeelt.
5-6 Blieder frësche Bärlauch geschnëppelt, a mat
1 Tl Moschter
3 Iessläffelen Kraideresseg
5 Iessläffelen Zalotenueleg
Kraidersalz
e bëssi gehacktem Chilli
vermëscht an iwwer de Choufleur ginn.
Een Ratz-Fatz Menü! E Gudden Appetit! #plantbased #leckerschmecker
Comments