Haut gouf et mol e richtege Klassiker :-D
An 2 Liter Waasser koumen 2 Gromperen (wëll ech sou en immense Mixer hun, schneiden ech ëmmer alles just an 2 ;-)), 1 Wuerzel, eng Ënn, Magiskraut, Brittpolver, an 2 Neelcheskäpp an e Lorbeerblad (déi kommen an en Téi-Ee datt se herno nët matgemixt gin ).
15 - 20 Minuten därf dat kachen.
D’Brennnesselen fléien einfach réi an de Mixer d’gekachten Zopp driwwer, mixen a fäerdeg.
An dann als gelongent Experiment: Dra koum e Läffel Afennossbotter mat Stécker… Et war super lecker! :-)
Comments