Et ass Spargelssaison! Am allerléifsten hunn ech dee grénge Spargel einfach an der Pan gebroden op Nuddelen, gebrode mat Äerdbieren als Zalot, oder wéi hei: am Schäffchen mat Gromperen. E ganz einfache Plat, awer mega lecker!
![](https://static.wixstatic.com/media/a27d24_ad922166d59544bdab5c3c34a65625fa~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_980,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/a27d24_ad922166d59544bdab5c3c34a65625fa~mv2.jpg)
De Schäffchen gëtt virgehëtzt ob 190 °C
1 Schossel Gromperen gi gebotzt, a Schëffercher geschnidden, a mat
100 ml neutralem Ueleg, mat
1/2 Tl Schwarze Peffer
1/2 Tl gemuelene Koriandersom
1/2 Tl Paprikapolver
1/2 Tl Salz
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_14c131ac884c4b04b3744eaa8192e482~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_14c131ac884c4b04b3744eaa8192e482~mv2.jpg)
an enger Schossel gemëscht, an um Bakpabeier 18 Minutten virgebak.
1 Bond Spargelen
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_bb5427a7e4c5414b8fac95ba55700706~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_bb5427a7e4c5414b8fac95ba55700706~mv2.jpg)
gëtt gebotzt, an 3 geschnidden an duerch dee selwechten Ueleg gewänzelt.
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_15f81d6bcebb42119a56ca79408b57b6~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_15f81d6bcebb42119a56ca79408b57b6~mv2.jpg)
Wann d’Zäit vun de Gromperen ëm ass, ginn d’Spargelen dobäi ginn an10 Minutten mat gebak.
Déi Zäit gëtt eng Vinaigrette gemaach aus
3 Iessläffelen Esseg
1 Il Ueleg (gäer och vu virdru wann däers nach iwwreg ass)
1 Tl Moschter
1 zerdréckten Knuewelékszéif
Salz
Peffer
![](https://static.wixstatic.com/media/692dab_c114766150f0433a89ad163b249e5f41~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_735,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/692dab_c114766150f0433a89ad163b249e5f41~mv2.jpg)
Da gëtt
1 Tomate
gëtt kleng geschnëppelt, an alles mat
Kraider no Choix
gemëscht.
Mhhh, dat ganzt gutt waarm genéissen! E Gudden!
Comments