Schneekerei! Ei!
Haut hate mir frësch Hambieren am Haus, an do huet et geheescht: Alea iacta est! - Die Würfel sind gefallen. :-D Duerfir e schnelle vegane Bisquit-Deeg gebak a mat enger Hambierglasur iwwerzunn.
Fir de Deeg brauch een:
225 g Miel
170 g Pudderzocker
1/2 Téiläffel Kurkuma
250 ml Spruddelwasser (richteg gutt spruddeleg!! kee medium)
5-6 Iessläffelen Ueleg (Raps- oder Sonneblumenueleg)
1 P. Reinweinstein
1 P. Vanillszocker
1 Pouz Salz
Schäffchen ob 180°C Ëmloft virhëtzen.
An enger grousser Schossel d’Miel, den Zocker, de Kurkuma, de Vanillszocker, d'Salz an de Reinweinstein gutt verréieren.
Dann den Ueleg ennerréieren an d’Spruddelwaasser lues ennermëschen dass d’Spruddelen nët zefill verfléien :-).
Eng véieréckeg Kucheform afetten, mat Miel ausklappen an den Deeg draginn.
Dat däerf lo 25-30 Minutte baken.
Et ass iwwregens derwäert sech eng véiereckeg Metallen Sprangform zouzeleen, duerch de Rand deen ee kann opdrécken, léisst de “Bisquit” sech ganz liicht eraushuelen. Den Deeg verhält sech komplett aanescht an enger Silikon Form a bäckt nët sou gutt duerch, an esou enger muss ee quasi 35-40 Minutte Bakzait arrechnen, an eventuell di läscht 10 Minutten ofdecken.
Mat engem Stäbchen testen, ob den Deeg duerch as. Duerno ob enger Hietchen ofkille loossen.
Fir den Hambierzockergoss:
125 g (+ e Grapp fir Deko) Hambieren
500 g Pudderzocker
1 Pak Kokosflacken
D’Hambieren ginn am Mörser reng gemätscht. Dora ginn 2 Iessläffelen kachend Waasser ageréiert, an ët gëtt 2 Minutte stoe geloss.
Da ginn d’Hambieren duerch eng Passette gedréckt, fir dass keng Käre matkommen.
Dëse Jus gët mam Pudderzocker verrouert, sou dass een décken Zockergoss entsteht.
De Kuch gett a Wierfele gedeelt, mat dem Zockergoss bestrach an an de Kokosflacke gewänzelt.
Drop kënnt nach e frëschen Hambier. Ommnommnomm ;-)
D'Saiert vum Hambier passt immens gutt bei d'Kokosnossflacken. Zéckt net! Et lount sech!
Comentarios