• WDBNK

Ënneréng an Avocado am Béierdeeg mat Cashew-Hanf Dip (vegan)

Avocadofritters an Onionrings. Dat ass Comfort-food par excellence :-) Wann Dir Iech e gemittlechen Owend ënner Kolleege wëllt maachen, oder d'Famill verwinne wëllt, da probéiert mol eist Rezept fir eng vegan Versioun vun dësen amerikanesche Klassiker.



Et ass allt nees keng Affär a séier gemaach.


Fir de Béierdeeg gëtt:


  • 1 Glas Miel

  • Salz a Peffer

  • 1 Tl Knuewelékspolver

  • 1 Tl schaarfen Paprikapolver

  • gehacktene Péiterséilech



mat


  • 1 Glas Béier

zu engem Deeg verrouert.


Da ginn

  • 2 Avocadoen

a Schläissen gedeelt.


Fir d’ Onionrings gëtt

  • 1 déck Ënn

a Rondele geschnidden an d’Réngelcher ausernee getrennt.


Déi Saachen ginn duerch den Deeg gezunn,



an direkt an engem Dëppe mat Ueleg ausgebak.




Fir de Cashew-Hanf-Dip ginn


  • 1 Grapp Cashewen

  • 1 Iessläffel Hanfsom

  • 1 Zéif Knuewelék

  • 1 Téiläffel Koriandersom

  • De Jus vun 1 Zitroun

  • D’selwecht vill Waasser ewéi Zitrounejus

  • Salz a Peffer

  • e bëssi scharfe Paprikapolfer

am Highspeedblender crèmeg gemixt, a mat frësche Kraider ewéi


  • Bratzel a

  • Péiterséilech

garnéiert.



An dann... Ass et schonns fäerdeg a ka genoss ginn. ;) Ei! Lecker!

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon