top of page

Ënnenzëppi mat Gänsefouss (vegan)

  • Writer: WDBNK
    WDBNK
  • Sep 24, 2018
  • 1 min read

D’Sammelzäit vum Gänsefouss ass quasi um Enn, awer fir an eng Zëppchen ginn déi puer Bliedercher nach duer :-) An eng Ënnenzopp passt super dobäi!

Dofir gëtt +- 1 kg Ënnen a Réng geschnidden an am Ueleg ugebroden bis d’Zwibbelcher glaseg an liicht gëllen gebrode sinn.


Dat gëtt opgefëllt mat 2 Liter Waasser an der entspriechender Quantitéit Geméisbrittpolver. Mat 2 Neelcheskäpp an engem Lorberblad därf d’Zëppchen lo 10 Minuten brutschelen.



Da fléien nach 3 Minutten laang d’Gänsefousblieder dobäi, an et gëtt mat engem Läffel Sojazoos a Peffer an eventuell je no Brittpolver e bëssi Salz ofgeschmaacht.


An esou gesäit de Gänsefouss aus:




Klickt op d'Bild fir eisen neien T-Shirt-Shop :-D #chenopodium



Comments


Join our mailing list for updates, events and recipes

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon
bottom of page