• WDBNK

Äppel-Courgettenzopp mat Gewürz-Tempering

Fir dës Spéitsummer Zëppchen gin 3 Äppel, eiser Planz vum Mount September 2018, eng déck Courgette, eng Gromper an eng Ënn mat Waasser bedeckt, a mat der entspriechender Quantitéit Geméisbrittpolver mëll gekacht.


Gemixt gëtt se mat 2 Iessläffelen Hanfsom, dat gëtt eng angenehm Sähmegkeet an e ronne Goût :-D


An di gemixten Zopp flitt e Lorberblad an en Neelches Kapp, déi kënne lo e bëssi dran zéien.

An enger Pan gëtt e gudden Ueleg (ech hat Hanfueleg) mat engem klenge Gräppchen Wëllkar, Fenchelsom, Kreuzkümmelsom, Moschterkären an e puer gedrëchenten Chillien erhëtzt, an 1/2 Minutt brutschele gelooss, fir de Goût aus de Gewürzer eraus ze këddelen.



D’Zopp gëtt mat Salz ofgeschmaacht, a mat dem Gewürz-Tempering zervéiert. Frësch gehacktene Péiterséilech passt natiirlech och dobäi :-)

©2018 by WDBNK

  • Facebook Social Icon
  • YouTube Social  Icon
  • Pinterest Social Icon
  • Instagram Social Icon